Hesper Nightcard
D'Nightcard ass en Transportticket fir Bierger aus der Gemeng Hesper. D'Awunner kënnen d’Kaart zu engem vun der Gemeng festgeluechte Präis kafen, fir den Night Rider gratis oder zu engem reduzéierte Präis ze benotzen.
Seule obligation
le point de départ ou d'arrivée du trajet doit se trouver sur le territoire communal où est domicilié le titulaire de la Night Card.
Alleguerten d'Awunner vun der Gemeng Hesper bis 26 Joer (inclus) kënnen d'Night Card fir de Präis vu 40 € / Joer kafen. Erwuessener ab 27 Joer zum Präis vun 80 €/Joer.
D'Gemeng iwwerhëllt d'Fraisen vum Transfert fir d'Clienten déi am Besëtz vun enger Night Card Hesper sinn, bis 25 €, ënnert der Conditioun datt den Départ oder d'Destinatioun um Territoire vun der Gemeng Hesper* leien. D'Beträg déi d'Limit vu 25 € iwwerschreiden, gi vun der Gemeng de Clienten verrechent.
* Alzeng, Fenteng, Hesper, Houwald, Izeg
Fir de Night Rider gratis ze notzen, gidd de Code vun Ärer Night Card an d'Case "Night Card" vum Réservatiouns-Formulaire an (z.B "HESP12345", dëse Code befënnt sech op der Récksäit vun der Kaart).
Wa méi Persounen dee selwechten Trajet réservéieren, gëtt dee vun de Night Card Besëtzer ze bezuelende Betrag bei der Réservatioun automatesch vum globale Prais ofgerechent.

