PW029 Footing Club Itzig

Den Origine vum Numm vun Izeg

780 no Chr. ...

... datt et déi éischte Kéier eng authentesch Erwähnung vun der Uertschaft gëtt. An deem Joer huet déi Adleg Madalgarda hierem Jong Audradus de Weiler «d'Epuego» vermaach.  Spéider gëtt et och d'Variatiounen «Eptiacum» oder «Eptiaco».

Ëm 903/904 ...

... spendt de Grof Wigerich Terrainen zu «Eptiacum» un d'Abtei Iechternach.

Ëm d'Joer 1000

... gëtt de Buchstaf "o" um Enn vum Wuert "Eptiaco" suppriméiert an de Numm entwéckelt sech weider.

 

1069...

... erkläert de Poopst Alexander II., datt d'Par «Ezich» zur Abtei Iechternach gehéiert.

Géint 1600...

... erstellt den Abt Bertels vun Iechternach e Panoramaplang vun "Itsich". Zu dëser Zäit zielt d'Uertschaft knapps 100 Awunner.

1735...

... éditéiert de franséiche Kartograph Jaillot eng Kaart vun der Festung vu Lëtzebuert op där «Izeg» fir déi éischte Kéier am Détail présentéiert ass. Déi aktuell Bezeechnung «Izeg» ass zanter 1719 bekannt.