Lokalen Austausch-System

Mir sinn eng wuessend Communautéit mat Mënschen verschiddenen Alters an aus alle soziale Schichten, déi sech géigesäiteg duerch den Austausch vu Servicer, Aarbechten oder Géigestänn hëllefe wëllen.

 

Wéi gëtt den Austausch bewäert?

Déi ursprünglech Philosophie ass den Austausch an d'Deelen ouni Suen. Déi erbruechte Leeschtungen ginn einfach mat Hëllef vu "Smileyen" bewäert a reguléiert. E "Smiley" entsprécht enger Minutt vum Service. Déi sou gesammelt "Smileyen" kënnen da bäi anere Memberen vun der Communautéit géint Leeschtungen agetosch ginn. De But ass d'Schafen vun enger echter mënschlecher Solidaritéitsketten.

 

Wat ka getosch ginn?

Mir all hu Kompetenzen ze vermëttelen. Jiddferee vun eis ass eng Ressource fir Anerer. Ob et sech lo ëm Zäit, Wëssen a Knowhow, Berodung, Hëllef handelt, ... et existéiere net wierklech Limiten bei den Echangen.

 

Et kann een och Saachen austauschen, déi ee net méi brauch a vun deenen ee wees, datt een aneren aus der Communautéit dat vläicht gebrauche kéint. An dësem Fall maachen d'Memberen den Tosch an/oder iwwert de Montant vun de "Smileyen" ënnert sech aus.

 

Wéi fonktionnéiert d'Plattform am prakteschen ?

All neien Participant op der Plattform "Reebou" de Moment vu sengem Enregistrement en Login an e Passwuert fir säi/seng Debiten/Créditen vu "Smileyen" ze géréieren. Hien huet vun dann un Accès op all Offeren an Demanden vun deenen anere Memberen. Je no Besoin setzt sech de neie Member selwer mat deenen a Fro kommende Memberen a Verbindung, déi op d'Froen äntweren a kuckt mat hinnen fir iwwert deen erbruechten Service an iwwert deen am Virfeld fixéiert Géigewäert vun de "Smileyen" eens ze ginn.

 

Itinéraire
Kontakt
[Translate to Lëtzebuergesch:] Reebou
474,​ route de Thionville
L-5886 Hesper