Service Mediatioun

Hutt Dir e Problem mat ärer Noperschaft?

Kaméidi, Plainten, Degradatioun, Aarbechten, Déieren, Eegentumsrechter, asw.

Waart net méi! Kommt bei e Mediateur op d’Gemeng! D’Mediatioun ass fräiwëlleg a vertraulech a favoriséiert den Dialog an d’Zesummenaarbecht bei engem Konflikt mat den Noperen. D’Mediatioun erlaabt et, eng zefriddestellend Léisung fir jiddereen ze fannen. De “service médiation”ass gratis fir déi betraffe Parteien. D'Gemeng ënnerstëtzt d'Remuneratioun vum Mediateur. Dëst kann eng Alternativ zu enger deierer, juristescher Prozedur sinn.

Wéi funktionéiert et?

All Persoun, déi an de “service médiatioun” kënnt, profitéiert vun engem individuelle Gespréich. Äre Besoinen no ugepasst, wäert de Service déi néideg Schrëtt ënnerhuelen, fir Äre Konflikt ze léisen. De “service médiation” vun der Gemeng Hesper steet Iech zur Verfügung.

Wéi kann een de “service médiation” kontaktéieren?

Schéckt e Message mat Äre Kontaktdate per E-Mail op mediation@hesperange.lu oder telefonéiert op den 36 08 08 - 2499.

E Mediateur kontaktéiert Iech sou séier wéi méiglech.

Itinéraire
Kontakt
[Translate to Lëtzebuergesch:] Service Médiation
474,​ route de Thionville
L-5886 Hesper