30.01 vun 20:00 bis 22:00
Plaatz
Präis
Kabaret Sténkdéier
D'Operatioun war e Succès – de Patient ass gestuerwen!
Europa ass aus dem Spill a hänkt un engem Fuedem; de transatlantësche Dram gehéiert der Vergaangenheet un. Op wien kënne mir nach zielen? De Klimawandel ass bal komplett aus de Schlagzäile verschwonnen, a mir hunn ze spéit realiséiert, wéi ofhängeg mir wierklech sinn. An engem Ablack ass alles zesummegebrach, a mir reiwen eis d'Aen am Onkloer, net fäeg, d'Welt ronderëm eis ze verstoen.
Gesondheetswiesen, Pensiounen, Steierreform, bezuelbar Wunnraum oder Unisex-Toiletten – dës Koalitioun, genee wéi déi virdrun, huet et net fäerdeg bruecht, d'Problemer ze léisen. Bettel knipst e Selfie mat sengem Dackel, Frieden schwätzt ëmmer weider ouni jeemools eppes ze liwweren, an de Rescht vun der Koalitioun hällt sech um Baxter fest.
Elo zielt et! Wann de Kapitalismus, genee wéi de Kommunismus, säin Dag hat, ass eis Zäit komm: Ironie, Satire, Sarkasmus, mee och nei Hoffnung an Zouversiicht fir Lëtzebuerg! De Cabaret iwwerhëlt elo d'Rudder!
Präisser: 20€ Erwuessener / 12€ Kanner (<26 Joer) / 1,50€ Kulturpass
www.luxembourg-ticket.lu