Office Social

Eise Service fonctionnéiert zanter Januar 2011 op Basis vun der “loi sur l’aide sociale du 18 décembre 2009 et le règlement grand-ducal”.

Dëst Gesetz huet d'Recht op sozial Hëllef festgeluecht, fir deem Eenzelnen et z'erméiglechen, e Liewen a mënschlecher Dignitéit ze féieren, mat der aktiver Participatioun vun der betraffener Persoun.

U wien adresséiert sech dee Service?

Den Office Social riicht sech un all déi Leit, déi hire legale Wunnsëtz an der Gemeng Hesper hunn an an Nout sinn.

D'Roll vun der Assistante Sociale

 

D’AS schafft op Rendez-vous am Office Social fir nozelauschteren an Hëllef am Fall vun engem soziale Problem unzebidden, souwéi sozial, psychologesch, budgetär, administrativ a pädagogesch Berodung ze ginn. D’AS geet och bei d’Leit heem.

D'Sozialaarbechter vun de Sozialbüroe si konfrontéiert mat all de sozialen, juristeschen, gesondheetlechen, pädagogeschen a wirtschaftleche Probleemer vu Leit, déi a Konfliktsituatioune oder an ëmmer méi grousser Aarmut liewen.

D'Hëllef konzentréiert sech op kuerz, mëttel oder laangfristeg sozial Ënnerstëtzung.

Eis Servicer si gratis an eis Mataarbechter ënnerleien dem Beruffsgeheimnis.

Eis Missiounen

  • Nolauschteren;
  • déi verschidde Situatiounen analyséieren;
  • iwwer Rechter a Flichten informéieren;
  • bei der Orientéierung  zu adaptéierten oder spezialiséierte Servicer hëllefen;
  • bei den Demarchen hëllefen.

Detailer

 

  • Administrativ Prozeduren (Formulairen auszefëllen, “écrivains plublics”)
  • Aarbecht  (Sich no enger Aarbecht, Aarbechtsverloscht, Neiorientéierung, Studien / Schoulflicht)
  • Famill (Kandheet, Jugend, Eltereschaft, drëtten Alter, Familljekonflikter, Scheedung, Gewalt am Stot)
  • Immigratioun / Integratioun (Sproochcoursen)
  • Justiz (Rechtshëllef, Schutzmoossnamen)
  • Logement (Wunnengshëllef um Privatmaart, Ufroe fir Sozialwunnengen, Iwwerwaachungs- an Noutwunnengen)
  • Suivi vu Gemengewunnengen
  • Finanzprobleemer / Gestioun vum Budget (Staatshëllef, Gemengenhëllef, Sozialhëllef, Budgetsberodung a Gestioun)
  • Gesondheet (Krankeversécherung, Invaliditéit / Handicap, Krankheet, Drëtten Alter)
  • Sozialversécherung (Affiliatioun Gesondheetskeess /CNS)

Nos contacts

Anne-Marie PROBST
Assistante sociale
Anna MARQUES
Assistante sociale
Suzette HENSGEN
Assistante sociale
Claire FRANCK
Assitante sociale
Jennifer BERNARD
Secrétariat Office Social
Thierry KREINS
Recette Office Social