Service biens immobiliers
D’Gemeng Hesper ass Besëtzerin vun enger ëmmer méi grousser Zuel u Wunnengen, déi fir d’Locatioun virgesi sinn.
Fir dëser Entwécklung Rechnung ze droen an eng besser Noverfollegung vun de Fichieren ze garantéieren, gouf am Laf vum Joer 2025 en neie Service geschaf. De neie „Service Biens Immobiliers“ këmmert sech zanter dem 1. Juni 2025 ëm d’administrativ Gestioun vun engem Wunnengsportefeuille vun 80 Logementer, dorënner 12 Haiser, 52 Appartementer an 16 Zëmmeren, déi gréisstendeels verlount respektiv als sozial Wunnengen zur Verfügung gestallt ginn.
Dës Gestioun ëmfaasst ënner anerem d’Opriichte an d’Iwwerwaache vun de Kontrakter souwéi d’Bereetstelle vun den Ofrechnunge vun de Käschten, déi mat dëse Kontrakter am Zesummenhang stinn, un d’Locatairen.
Dobäi kënnt nach d’administrativ Gestioun vun all anerer Zort Locatioun, wéi z. B. d’Locatioun vu Geschäfter, Garagen oder Parkplazen, déi der Gemeng gehéieren.
D’Aktualiséierung vum nationale Regëster vun de bezuelbare Wunnengen (RENLA), dee mam Gesetz vum 7. August 2023 iwwert de bezuelbare Wunnraum geschaf gouf, souwéi d’Féiere vun enger Waardelëscht fir d’Ufroe betreffend d’Locatioun vun enger Wunneng, gehéieren och zu den Aufgaben.
D’Zil ass, de Service progressiv auszebauen, fir net nëmme fir eng besser administrativ Noverfollegung vum Locataire ze suergen, mee och dem Schäfferot eng Iwwersiicht iwwer d’Zesummesetzung vum Immobilieportefeuille fir d’Locatioun ze ginn, an zousätzlech Informatiounen iwwer d’Locatairen ze liwweren.
Nieft de genannte Missiounen ass de Service och zoustänneg fir d’Facturatioun an d’Iwwerwaache vun de Fichiere vum Grondsteier.
D’Beaarbechtung vun den Demanden fir d’Zouschossprimen oder d’Bau- resp. Kafprimen fällt och an de Beräich vum Service Biens Immobiliers.
Zum Schluss ass de Service den Uspriechpartner fir all Froen am Zesummenhang mat de Versécherungen op de kommunale Gebaier a suergt fir d’Iwwerwaachung am Fall vun engem Schued.
De Responsabele vum Service ass Här Frank Zeimes, an säi Büro befënnt sech am 2. Stack vum Gemengegebai.