Partenariat

Weider Detailer:

Déi zwee Partner, vu verschiddenem Geschlecht oder vum selwechte Geschlecht, erschéngen zesumme virum Officier de l’Etat Civil vun hirer Gemeng an deklaréiere perséinlech a gemeinsam hiert Partenariat an d'Existenz vun engem Accord, deen d'Eegeschaftsauswierkunge vun hirer Partnerschaft dokumentéiert, wann esou een Ofkommes tëscht hinnen ofgeschloss ginn ass.

(Gesetz vum 9. Juli 2004 geännert duerch d'Gesetz vum 3. August 2010)

Dokumenter fir d'Partenariatserklärung ze kréien

  1. eng Lëtzebuerger Identitéitskaart oder e Pass fir d’Auslänner;
  2. e rezente Certificat de Résidence a Certificat de Célibat fir jidderee vun de Partner, déi bestätegt, datt se e gemeinsamen, legalen Domizil hunn;
  3. eng vereedegt Ausso, ënnerschriwwe vun de Partner, entweeder virum Officier de l’Etat Civil oder engem Notaire, datt et kee Lien de Parenté tëscht hinne gëtt, deen eng legal Behënnerung fir de Partenariat ass;
  4. le Beweis vun hirem Zivilstand duerch eng rezent Kopie vun hirem Gebuertsschäin;
  5. fir gescheete Persounen: integral Kopie vum Acte de Mariage mat der Transkriptioun vun der Scheedung, oder déi voll Kopie vum Scheedungsurteel. Fir Wittfraen: den Acte de Décès oder de Gebuertsschäi vum verstuerwene Mann, mat der Transkriptioun vum Doud;
  6. fir Leit, déi kee Gebuertsschäi vun enger Lëtzebuerger Gemeng hunn: en Zertifikat, deen bestätegt , datt keng vun deenen zwou Persounen eng aner Partnerschaft mat enger anerer Persoun ugemellt huet. Dësen Zertifikat ka per Bréif ugefrot gi bei: Cité juridique, Bât. CR, Parquet général, service du répertoire civil, L-2080 Luxembourg (tél. 475981-341). En Umeldungsformular ass dobäi;
  7. fir Leit, déi scho virum 1. November 2010 eng Partnerschaft agaange sinn: e rezente Zertifikat vum Répertoire Civil, an deem d'Opléisung vun der deklaréierter Partnerschaft ageschriwwen ass;
  8. en Zertificat vun der zoustänneger auslännescher Autoritéit dee bestätegt, datt d’Leit net an enger Partnerschaft oder enger anerer Form vu Liewensgemeinschaft engagéiert sinn. Wann dëst Dokument net kann ausgestallt ginn, da muss  e Certificat de Coutume virgeluecht ginn, ausgestallt vun den zoustännegen auslänneschen Autoritéiten, wou dra steet, dass d'Persounen d'Konditiounen erfëlle fir e Bestietnes anzegoen, an datt dës Gesetzgebung net eng Partnerschaft oder Liewensgemeinschaft unerkennt; 
  9. wann zoutreffend: e Beweis vun der Existenz vun engem Accord mat Proprietéitsverhältnisser. All auslännesch Dokumenter mussen entweeder op Franséisch, Däitsch oder Englesch vun engem vereedegten Iwwersetzer (Adressen op folgender Telefonsnummer 475981335) iwwersat ginn, a wann néideg legaliséiert ginn, wa se net aus engem Land kommen, dat d'Haager Konventioun vum 5. Oktober 1961 ratifizéiert huet.

Opléisung vum Partenariat

D'Partenariat gëtt duerch eng gemeinsam Deklaratioun vun deenen zwee Partner opgeléist, déi zesummen a perséinlech virum Officier de l’Etat Civil optrieden, deen d'Erklärung vun der Partnerschaft krut, och wann déi zwee Partner zënter dëser Deklaratioun hire gemeinsame Wunnsëtz oder hir Residenz zu Lëtzebuerg geännert hunn oder souguer an d’Ausland wunne gaange sinn.

Ee vun deenen zwee Partner kann och unilateral d'Enn vun der Partnerschaft deklaréieren. Dofir geet hie bei den Officier de l’Etat Civil deen d'Erklärung vun der Partnerschaft kritt huet. Jiddereen, deen d'Partenariat unilateral opléise wëll, muss fir d'éischt säi Partner iwwer d’Decisioun informéieren mat enger Signifikatioun, ausgestallt  vun engem Huissier de Justice.


D'Partenariat ass automatesch spéitstens duerch d'Bestietnes vun engem vun deenen zwee Partner eriwwer, wann eng gemeinsam oder unilateral Denonciatioun vun der Partnerschaft net am Viraus deklaréiert gouf.

Weider Informatiounen

Den Officier vum Etat Civil registréiert d'Partnerschaftserklärung op en einfache Pabeier a schéckt se innerhalb vun 3 Deeg un de Répertoire Civil.
D'Partnerschaft fänkt u juristesch valabel ze sinn, wann se am Répertoire Civil  agedroen ass.
No der Receptioun vun der Notifikatioun vun der Aschreiwung am Zivilverzeechnes, gëtt eng Attestation de Partenariat ausgestallt a mat der Post un d’Partner geschéckt.
Weeder d’Konventioun nach d'Dokumenter gi vum Officier vum Etat Civil gehalen, mee ginn un d'Partner zréck, no Verifizéierung. Et ass also hir Verantwortung, fir se ze conservéieren oder se souguer bei engem Notaire, engem Affekot oder enger Persoun vun hirem Vertrauen, ze deposéieren.
D'Ënnerschreiwe vun der Partnerschaftserklärung gëtt nëmme beim Service Etat Civil gemaach.

Itinéraire
Kontakt
[Translate to Lëtzebuergesch:] Etat civil
474,​ route de Thionville
L-5886 Hesper