Présentation Streetwork
Vum 1. Mäerz un ass d’Julie Heintz, Streetworkerin vun der Associatioun Inter-Actions, an de Stroosse vun eiser Gemeng ënnerwee.
Inter-Actions gouf nämlech domat beoptragt, d’Situatioun vu Persoune ouni Daach iwwert dem Kapp a vu vulnérabele Leit zu Hesper a zu Howald z’analyséieren, sozial Aarbecht mat hinnen unzefänken an e Konzept fir d’Streetwork an eiser Gemeng auszeschaffen.
D’Julie ass Lëtzebuergerin, huet a Belgien studéiert a vill Joren beim Samu Social zu Bréissel geschafft. Dës Erfarung wäert hir sécherlech och hei um Terrain z’Gonschte kommen.
Zousätzlech kann si sech op d’Expertis vum Streetwork-Service vun Inter-Actions stäipen, deen zanter ville Joren an der Stad Lëtzebuerg aktiv ass.