Service de Médiation

Dir hutt e Problem an der Noperschaft?

Kaméidi, Planzen, Schied, Aarbechten, Déieren, Eegentumsrecht, asw,...

Waart net méi! Trefft Är(e) Médiateur(trice) op der Gemeng!

- D'Médiatioun ass fräiwëlleg a vertraulech.

- D'Médiatioun favoriséiert en Dialog- a Coopératiounsklima.

- Bei engem Konflikt an der Noperschaft ka fir jiddfereen eng befriddegend Léisung fonnt ginn.

- D'Médiatioun ass fir déi concernéiert Parteien gratis.

- D'Gemeng hëllt d'Rémunératioun vum Médiateur en charge.

- D'Médiatioun kann eng Alternativ zu den deiere juristesche Prozedure sinn.

- Si berifft sech op d'Responsabilitéit vun de Parteien.

 

Wéi geet dat?

Jiddfereen, deen am Service de Médiation empfaange gëtt, gëtt individuell an opmierksam gelauschtert.

Jee no Besoin wäert de Service déi noutwendeg Schrëtt zur Gestioun vun Ärem Konflikt aleeden.

De Service de Médiation vun der Gemeng Hesper steet zur Ärer Verfügung.

Wéi kontaktéiert een de Service de Médiation?

Loosst e Message souwéi Är Donnéeën per Mail un

mediation@hesperange.lu oder telefonéiert op den 36 08 08 - 2499

E(ng) Médiateur(trice) wäert sech sou schnell wéi méiglech mat Iech a Verbindung setzen.