Chantieren / Stroossenaarbechten
Am Kader vun den Aarbechten zur Verlängerung vum Vëloswee (PC11), deen Alzeng mat der Uertschaft Hassel verbënnt, informéiert eis d’Administratioun vu Ponts et Chaussées iwwer de Start vun hirem Chantier ab e Sonndeg, den 15. Februar 2026, op der Kräizung vun der route de Thionville mat der rue de Syren a gëtt duerno a Richtung rue de Syren fortgesat.
Dës Aarbechte kënnen temporär Beeinträchtegunge vum Verkéier souwéi Upassunge beim Zougang fir d’Awunner an d’Foussgänger mat sech bréngen. Déi néideg Beschëlderungs- an Signalisatiounsmoossname ginn installéiert, fir d’Sécherheet vun allen ze garantéieren.
--------------------------------------------------------------------------------
E Méindeg, den 13. Abrëll 2026, 9h00 bis op Weideres:
Opgrond vun Aarbechten ass den CR154 tëscht Alzeng a Syren fir de Verkéier gespaart.
Folgend Mesuren gi wärend den Aarbechte geholl:
- Den Arrêt d’Alzingen-Gässel gëtt duerch den Arrêt Alzingen-Trapeneck ersat.
Concernéiert Linnen:
RGTR 423, D10, E10 an R02
(Plan an der Annexe)
Vun e Méindeg, den 23. Februar 2026 bis e Freideg, den 31. Dezember 2027 ass wärend de Schaffdeeg folgend Strooss gespaart:
- de Wee, deen duerch den Sousterrain ënnert dem CR231 tëscht dem landwirtschaftleche Wee an dem CR231 geet;
- de Wee vum CR231 fort beim lieu-dit «Biersak» tëschent dem CR231 an dem Wee an der Verlängerung vun der Rue Pierre Anen.
(Plang an der Annexe)
Wéinst Renovatiounsaarbechten tëschent Hesper a Contern ass den CR 226 vun e Mëttwoch, de 7. Oktober 2026, 09h00 bis e Freideg, den 9. Oktober 2026, 14 Auer fir de Verkéier gespaart.
Eng Deviatioun ass gezeechent.
(Plang an der Annexe)
--------------------------------------------------------------------------------
Wéinst Kranaarbechten ass d'Montée du Château op Héicht vum Haus Nr. 2 en Dënschden, de 29. September 2026 tëschent 7 Auer an 12 Auer gespaart.
--------------------------------------------------------------------------------
Wéinst engem CFL-Chantier an deem doraus resultéierenden Camions-Verkéier ass dësen Accès ab e Méindeg, de 17. Februar 2025 bis op Weideres (Méindes - Freides) aus Sécherheetsgrënn gespaart. Merci fir Äert Verständnis.
(Plang an der Annexe)
Wéinst engem Chantier (säitens der VDL) gëtt de Rangwee ab der Kräizung mat der Rue d'Ivoix an Directioun Route de Thionville mat effet immédiat Sens unique, dat bis d'Enn vun den Aarbechten.
--------------------------------------------------------------------------------
En neit Gebai fir de « Bouneweger Lycée Luxembourg » (BLL)
D’Aarbechte fir de neie Lycée zu Bouneweg hu Ufank September 2025 ugefaangen.
Op engem Terrain vun 3,8 Hektar nieft dem existente Gebai ginn dräi Gebaier realiséiert: en Haaptgebai, e Flillek mat elektromechaneschen Atelieren an eng Sportshal mat Schwämm, fir eng Gesamtzuel vu 2.150 Schüler a Schülerinnen.
Nieft de Klassesäll, engem Schoulrestaurant an de gewinnten Infrastrukturen vun engem Lycée si weiderhi Flächen virgesinn fir Liewensmëttelatelieren, déi sech verdeelen op Metzgerei, Charcuterie, Bäckerei, Pâtisserie, Kollektivkichen, Léierkichen an e Restaurant d’application.
D’Bauzäit ass op fënnef Joer ugesat. Den Zougang zu der Chantierfläch geschitt iwwer déi nei Déngschtstrooss um Kräizung vun der Thionvilleer Strooss an dem Rangwee.