Autopedestren

D’Gemeng Hesper huet eng laang Geschicht. Prähistoresch Iwwereschter aus der Stengzäit zeien vun der Géigewaart vu Mënschen zu dëser Zäit.

Haut ass Hesper eng sech entwéckelnd Gemeng. Si läit virun der Stad Lëtzebuerg a bitt hierer steteg wuessender Bevëlkerung eng ganz gudd Liewensqualitéit, villfälteg kulturell Manifestatiounen an interessant Naturlandschaften.

Fir de Bierger a Visiteuren vun der Gemeng Hesper d’Besonnechheeten vu Natur, Kultur a Geschicht méi no ze bréngen, hunn d’Gemengeresponsabel verschidde Bildungsweeër ageriicht.

Am Joer 2004 gouf en éischte Projet, deen de südlechen Deel vun Hesper ëmfaasst an duerch Alzeng a Fenteng féiert, ageriicht.

Elo ass et un Izeg, säin Bildungswee an Empfang ze huelen an zwar an Zesummenaarbecht mat de Geschichtsfrënn vun der Gemeng Hesper.

Mir wënschen de Visiteuren vill Spaass beim Entdecken!