PAP QE

En “Plan d'Aménagement Particulier (PAP)” deckt en Deel vum Gemengenterritoire, deen urbaniséiert ass oder virgesinn ass,  fir urbaniséiert ze ginn, andeems de PAG präziséiert gëtt,  wou de PAP duerchgefouert gëtt. De PAP definéiert eng Rei vu reglementareschen, urbanistesche Virschrëften, am Aklang mat den Objektiver vum Artikel 2 vum geännerte Gesetz vum 19. Juli 2004 iwwer d’Gemengeplanifikatioun an d’urban Entwécklung (Nohaltegkeet, harmonesch Entwécklung vun de Quartieren, Liewensqualitéit vun den Awunner, ...) .

 

Typ vu PAP

Et ginn zwou Zorte vu PAP, de PAP  "nouveau quartier"  (PAP NQ) an de PAP “quartier existant” (PAP QE).

De PAP NQ couvréiert e Gebitt, dat urbaniséiert soll ginn, proposéiert e konkreten Urbaniséierungsprojet an definéiert d'Form vum ëffentleche Raum, vun de Chantiere wéi och vun zukünftege Konstruktiounen. De PAP muss e schrëftlechen an e grapheschen Deel enthalen souwéi e schrëftleche Bericht.

De PAP QE couvréiert e bewunnbaart Gebitt an definéiert d'Reegele fir d'Integratioun vu Konstruktiounen an  de Charakteristike vun existenten Infrastrukturen. E muss op Initiativ vun der Gemeng ausgeschafft ginn a gläichzäiteg mam PAG.