Concert Lëtzebuerger Lidder-Spezialitéiten
Traditionell Lidder frësch arrangéiert – fir Chouer a Band
Traditioun trëfft op haut: De Lëtzebuerger Lidderchouer an d’Lidderchouer-Band presentéieren al Lidder an engem neie Mäntelchen.
Fir den Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch huet de Lëtzebuerger Lidderchouer am Tirang gekroomt a wonnerbar „al Kamellen“ erëmfonnt. Erauskomm ass en Hommage un d’Land, u seng Leit, un d’Gefierer vun deemools an natierlech un d’Spezialitéite vun hei:
De Chouer hëlt d’Publikum mat fir mam Jangli den Houwald eropzefueren, duerno geet et an de leschten Tram, et gëtt geDickst a geLenzt, d’Madammen aus der Sichegaass echaufféiere sech an et gëtt gutt gebafft a gedronk! D’Gesellegkeet, d‘Iessen an de Pättche féieren als roude Fuedem duerch de Programm.
Lëtzebuerger Lidderchouer
Direction : Jeff Mack
Lidderchouer-Band
Jonah Pütz, piano
Marc Demuth, basse
Boris Dinev, batterie
Entrée gratis. Är Plaze kënnt Dir hei reservéieren:https://tickets.luxembourg-ticket.lu/41151
An der Oweskeess sinn och gratis Ticketen disponibel.