19.11 vun 20:00 bis 22:00
Plaatz
Präis
Jazz-Concert "REIS DEMUTH WILTGEN"
En Donneschdeg, den 19. November 2026 um 20 Auer am Sall "Marie-Thérèse Gantenbein” am CELO zu Hesper.
→ billets
Michel Reis – Piano
Marc Demuth – Bass
Paul Wiltgen – Drums
Den Trio, deen 1998 gegrënnt gouf wéi d'Memberen nach am Lycée waren, ass ee vun deenen aflossräichsten Jazzensembelen zu Lëtzebuerg. No hirer Neibildung 2011 huet den Trio hiren eponymeschen Debutalbum um Laborie Jazz-Label erausbruecht, dee bei der Kritik mat Begeeschterung ugeholl gouf.
Zënterhier huet d'Formatioun d'Welt getourt an ass op de gréissten internationalen Jazzfestivaller opgetrueden. Dräi weider Albë goufen erausbruecht: Places In Between (2016), opgeholl zu New York a bei Double Moon Records verëffentlecht, gefollegt vu Once In A Blue Moon (2018) a Sly (2021) bei hirem aktuelle Label CAM JAZZ.
Dëst Joer gouf geschafft un engem ambitiéisen Orchesterprojet mam Luxembourg Philharmonic, Vince Mendoza an Joshua Redman. 2027 bréngt den Trio hire sechsten Album eraus, eng Live-Opnam, déi am berüümte Cotton Club zu Tokio opgeholl gouf.
www.reisdemuthwiltgen.com
Präisser: 20€ (Erwuessener) / 12 € (Jonker <26 Joer)*
Kulturpass: 1,50€
*op Virweisen vun der Carte d'identité am Accueil vum CELO
www.luxembourg-ticket.lu