08.01 vun 20:00 bis 22:00
Plaatz
Präis
Neijooschconcert
Mam Neijoerschconcert 2027 féiert de Lëtzebuerger Kammermuseksorchester seng musikalesch Erfuerschung vu Wien als Schnëttstell vun de Kulture weider. Dës Kéier stellt en d‘nordesch Musek dem wienereschen Akademismus géigeniwwer a weist eng spannend Perspektiv op zwou ënnerschiddlech Welten.
Wäit fort vum pulséierenden Zentrum vun der westlecher Musek hunn d‘skandinavesch Komponisten eng eege Klangsprooch entwéckelt, déi vu Folkoraflëss an enger déiwer Verbonnenheet mat hirer nationaler Identitéit gepräägt ass. Grieg, Svendsen a Sibelius hunn sou op lokal Traditiounen zréckgegraff an en onverwiesselbare Repertoire vum europäeschen Norde geschaf.
Dësen Dialog tëscht de Kulturen weist zwou parallel kënschtleresch Entwécklungen: e Wien a musikalescher, literarescher a molerescher Opbléi; an donieft déi nordesch Wierker, gepräägt vun der Natur, der Lyrismus an de Volleksmotiver.
Programm:
I- 1ère Partie
Elfrida ANDREE, Concert ouverture
Johan SVENDSEN, Two Swedish Folk Melodies,
Emile WALDTEUFEL, Les patineurs (arr. Iain Farrington)
Edvard GRIEG, Peer Gynt - Suites 1 et 2 (arr. Paul Leonard Schäffer)
---
Entracte, 20’
---
II- 2ème Partie
Josef STRAUSS, Ohne Sorgen, Polka schnell (arr. Pierre-Olivier Schmitt)
Fredrik SJØLIN, Naja’s Waltz
Jean SIBELIUS, Karelia Suite
Johann STRAUSS II, Rosen aus dem Süden
Hans Christian LUMBYE, Champagne Galop (arr. Pierre-Olivier Schmitt)
Dirigent : David Daubenfeld
Standardtariff : 30€
Réduzéierten Tariff (< 26 ans) : 18€
Kulturpass : 1,50€ (méi Inofs op Luxembourg-ticket.lu)