11.03 vun 20:00 bis 22:00

Plaatz
CELO (Salle Marie-Thérèse Gantenbein)
Präis
Standardtariff: 25€ / Reduzéierten Tariff (< 26 Joer): 15€ / Gruppentariff (ab 10 Pers.): 20€ / Kulturpass : 1,50€ 

Concert "Luxembourg Philharmonia"

En Donneschden, den 11. Mäerz 2026 um 20.00 am Sall “Marie-Thérèse Gantenbein” am CELO zu Hesper

Chef d'orchestre: Martin Elmquist

Solist: Olivier Lefèvre

Luxembourg Philharmonia, en 1979 gegrënntent Symphonie-Orchester, besteet aus ronn 90 Museker, dorënner erfuerene Amateuren a Professioneller. Zënter 1996 gëtt d'Orchester vum däneschen Dirigent Martin Elmquist geleet.

De Repertoire ëmfaasst bedeitend klassesch Wierker vu Beethoven bis Schostakowitsch, souwéi Concerten mat populäre Operen a Operetten, déi all Joer Succès hunn.

Den Olivier Lefèvre, 1984 gebuer, huet 2005 de Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg ofgeschloss an huet 2006 säi interregionale Concertdiplom an der Kammermusik zu Dijon kritt.

Niewt senger Tâche an der regionaler Musekschoul zu Gréiwemaacher war hie Member vun 'Estro Armonico', 'Les Salonnards' an dem Ensemble 'Il Triello'. Hien ass zënter 1998 Member vu Luxembourg Philharmonia an haat schonn e puer Geleeënheeten, als Solist mam Orchester opzetrieden.

Dauer: 120 min. mat Paus

Standardtariff: 25€
Reduzéierten Tariff (< 26 Joer): 15€
Gruppentariff (ab 10 Pers.): 20€ 
Kulturpass : 1,50€ (Ufro op Luxembourg-ticket.lu)