Iwwerpréifung vun den Implantatiounen a Receptiounen

Éier d’Aarbechten ufänken

D’Gemengeverwaltung muss iwwert de Start vun den Aarbechten un Hand vun engem Formular informéiert ginn.

 Art. 126 Contrôle de l’implantation, des hauteurs et réception des alignements

 Éier d’Terrassement- an d’Bauaarbechten ufänken, mussen d’Implantatioun an d’Alignementer vum Bau  vum Buergermeeschter oder sengem Vertrieder iwwerpréift ginn, a Presenz vum Maître d’ouvrage  oder deem sengem Vertrieder.

 De Buergermeeschter oder säi Vertrieder hunn d'Recht, zu all Moment e “plan d’abornement” vun de Parzellen ze fuerderen, dee vun engem agrééierte Geometer ausgeschafft ginn ass.

 Beim Ofschloss vun der éischter Dall muss de Client d'Gemengeverwaltung informéieren an d'Héichten zertifiéieren, déi erreecht gi sinn (mat der Hëllef vun Säit 2 vun der Demande).  D’Gemengeverwaltung kann zu all Moment eng Héichtekontroll maachen.

Surveillance vun den Aarbechten

De Buergermeeschter oder säi Vertrieder hunn d'Recht, d'Ausféierung vun de Bauaarbechte vun Expertë kontrolléieren ze loossen an zu all Moment Zougang zum Site ze hunn. Si kënnen  Avise vun Experten a vu Laaschttester ufuerderen. Si mussen zu all Moment kënnen d’Bauautorisatioun, d’Piècen vum Baudossier an all aner Baupläng a Berechnunge consultéieren.

Receptioun vum Gros-oeuvre

Wann de Réibau fäerdeg ass, also d’Maueren, d’Pottoen, d’Trägeren, d’Biedem tëscht den Etagen, d’Rummen an d’ Fundamenter, souwéi d’Bannentrennungen, d’Trapen an Dachaaarbechten, muss de Maître d’Ouvrage mat Hëllef vun engem  Formulaire d’Gemeng doriwwer informéieren, éier d’Aarbechte weider ginn.

De Buergermeeschter oder säi Vertrieder kann d’Receptiounen vun de Bauaarbechte maachen, wou hien d'Konformitéit vum Bau mat der Bauautorisatioun iwwerpréift. Bei dëser Receptioun mussen all Deeler vum Bau kloer siichtbar an ouni Gefor zougänglech sinn.

Enn vun der Aarbecht – definitiv Receptioun

De Client ass verpflicht, all Materialien an Offall vun den Handwierker vun a ronderëm de Site ewech ze huelen.

Um Enn vun den Aarbechte mussen den Domaine public esou wéi den Trottoir, d’Plantatiounen, den “mobilier urbain”, d’ëffentlech Beliichtung an d’ugrenzend Schëlter op Käschte vum Client erëm en d’Rei gesat ginn

D’Kautioun, déi am Règlement-taxes festgeluecht ass a vum Maître d’ouvrage un d'Gemengeverwaltung bezuelt gouf, gëtt zeréckbezuelt, wann alles an d’Rei gesat gouf.

Fir eng definitiv Receptioun vum Bau ze maachen, mussen all d'Pläng an den Energieleeschtungszertifikat "as built" vun enger qualifizéierter Persoun, déi Member vum OAI ass, der Gemengeverwaltung iwwerreecht ginn, souwéi och eng Kopie vum Blower-door-Test , soubal déi komplett Aarbechten ofgeschloss sinn.

14 Deeg ier d’Gebai bewunnt gëtt, muss d’Gemengeverwaltung informéiert ginn, fir déi definitiv Receptioun dervun ze maachen, mat Hëllef vun engem Gemengeformular.

Den Enregistrement vun de Awunner vum Gebai ass nëmme méiglech, nodeems déi definitiv Receptioun fäerdeg ass. Eng Lëscht vun de Wunnunitéite souwéi d’Nimm vun de verschiddene Proprietaire mussen och der Gemengeverwaltung virgeluecht ginn.

All zousätzlech Interventioun vun der Gemengeverwaltung fir déi definitiv Receptioun gëtt konform zum Gemengesteierreglement fakturéiert.

Itinéraire
Dokumenter

Autorisation de bâtir

108 KB 15.12.2022
Kontakt
[Translate to Lëtzebuergesch:] Service de l'architecte
474,​ route de Thionville
L-5886 Hesper