Ofbauaarbechten

Prozeduren: Ofbauaarbechten - Ewechhuele vu Raccordementer

Virun all Ofbauaarbechte muss de Client, deen d'Autorisatioun kritt huet, op seng Käschten all Raccordementer ewechhuele loossen, besonnesch wat dat kollektiivt Netz vun Drénkwaasser, Kanal,  Gas , Stroum an Telekommunikatioun bedeit , éier d’Gebai ofgerappt gëtt.

Am Fall wou de Proprietaire  sech net un déi uewe genannte Bestëmmungen hält, huet de Buergermeeschter d'Recht, d'Raccordementer op Käschte vum Proprietaire ewechhuelen ze loossen.

All Stroossenaarbechten an technesch Equipementer am “domaine public” mussen no spezielle Bedingungen, déi vun der Gemeng festgeluecht ginn, an am Accord mam Entrepreneur, ausgefouert ginn.

Virum Ufank vun den Aarbechte soll en Inventaire vun den Nopeschhaiser opgestallt ginn a bei d’ Demande bäigefüügt ginn.

Fir de Risiko vu Persouneschued, dem Bau selwer oder den Nopeschkonstruktiounen ze vermeide beim Ofbau vu Konstruktiounen, Installatiounen an Amenagementer, wou d’Situatioun, de Charakter oder d’Configuratioun speziell Moossnamen erfuerderen, déi vun dem “maître d’ouvrage” geholl ginn, kënnen zousätzlech Dokumenter wéi z.B. geotechnesch, hydrogeologesch, feierpräventiv oder aner Studien, déi vu spezialiséierte Büroen opgestallt ginn, aus Sécherheetsgrënn gefrot ginn.

Déi uewe genannten Dokumenter mussen der Gemengeverwaltung “en double exemplaire” ausgestallt ginn.

Itinéraire
Dokumenter

Autorisation de bâtir

108 KB 15.12.2022
Kontakt
[Translate to Lëtzebuergesch:] Service de l'architecte
474,​ route de Thionville
L-5886 Hesper