Travaux de moindre envergure

Prozeduren

Kleng Aarbechten, déi enger „déclaration de travaux“ ënnerleien.

Dem Artikel 39, Abschnitt 6 vum geännerten Gesetz vum 19. Juli 2004 iwwert d’Gemengeplanung an d’Urbanentwécklung no, brauche folgend Aarbechte keng Baugeneemegung, mee just eng „déclaration de travaux“:

  • d' Renovatioun vu bestoende Fassaden;
  • d'Renovatioun vun engem bestoenden Daach;
  • d'Renovatioun an d'Transformatioun vum Interieur vun enger Konstruktioun, déi d'Ënnerstëtzungsstruktur net beaflosst;
  • den Ofbau vun ongeschützte Gebaier mat engem Gesamtvolume vu manner wéi 100m3;
  • d'Konstruktioun an d'Transformatioun vu Clôturë mat enger Héicht vu manner wéi 1,20m an all Clôturen, déi méi wéi 2,00m vum “domaine public” ewech sinn;
  • de Bau an d’Transformatioun vu Weieren an natierleche Schwämmen, mat enger Fläch vu manner wéi 10m2;
  • d’Remblaisen an d’Deblaisen mat engem Volume vu manner wéi 50m3;
  • d’Renovatioun vu Buedembedeckungen, souwuel bannen wéi och ausserhalb vu Gebaier;
  • privat Amenagementer dobaussen, wéi z.B. Foussgängerweeër, Spiller, Barbecue, Iewen, an Abrisen fir Déieren.
Itinéraire
Dokumenter

Autorisation de bâtir

108 KB 15.12.2022
Kontakt
[Translate to Lëtzebuergesch:] Service de l'architecte
474,​ route de Thionville
L-5886 Hesper